Dësen Donneschden presentéieren mir iech am Event Navigator d'Ambiance Jardins zu Hesper!

E Samschden 16. Oktober a Sonndeg 17. Oktober herrscht zu Hesper am Park nees eng ganz besonnesch Ambiance, et ass Ambiance Jardins.

Den Organisateur Eric Leyder wär en Donneschden ab 19h00 Live am Studio beim Wulli an huet d'Ambiance Jardins Hesper presentéiert !

Gebuede ginn ënnert anerem:

  • Vente vu Planzen a Gaardendéco
  • Kulinaresch Spezialitéiten
  • Animatioun
  • Gratis Parking
  • iwwer 70 Aussteller

Den Entrée kascht 7 € (gëllt fir déi 2 Deeg) a Kanner ënner 16 Joer si gratis.

E Samschden an e Sonnden geet et vun 10h00 bis 18h00

Event Navigator

Lauschtert hei nach eemol de ganzen Interview aus der Sendung:

Interview