Dëse Freideg, Samschdeg a Sonndeg ass d'Life Expo an der LuxExpo The Box.

Nom grousse Succès vun der Fréijoers-Editioun kënnt d'LIFE EXPO zeréck, an zwar ganz am 80's Style.

Wat gëtt et alles op der LIFE EXPO: 80's Edition?

  • 60 Aussteller aus dem Domaine Lifestyle & Vintage
  • 250 international Tattoo-Artisten
  • After-Life-Party mam Thema 80's & gratis Entrée
  • Shopping vun originale Produite vu gudder Qualitéit 
  • Pop Kultur, Gaming & Retro Geek
  • Food-Beräich mat diverse kulinareschen Offeren 
  • Verschidde Bars mat gemittlecher Party-Ambiance
  • Life Awards 2022
  • Erlieft nei Andréck an den diversen Atelieren, organiséiert vun der LIFE EXPO
  • Kuerzzäiteg gesponsort Open Bars, wéi zum Beispill Fräibéier
  • E gratis Gedrénks fir jiddereen, deen am 80's Stil ugedo ass

Déi lescht Editiounen hunn iech gefall? Ma da stellt iech déi Hysterie am 80's Stil vir!

Ëffnungszäiten

  • dëse Freideg 18/11
    Expo: 17 bis 22 Auer
    After Life: 21 bis 3 Auer
  • dëse Samschdeg 19/11
    Expo: 10 bis 22 Auer (mat Virverkaf kënnt ee schonn um 9:30 Auer eran)
    After Life: 21 bis 3 Auer
  • dëse Sonndeg 20/11
    Expo: 10 bis 19 Auer

Lifestyle - Tattoos - Party

D'Life Expo bezitt sech op 3 grouss Themen: Lifestyle, Tattoos & Party.

De Lifestyle léisst vill verschidde Beräicher mat enee verschmëlzen: Kosmetik, Moud, Esthetik, Gefierer, Konscht, Gaming, Technologie... Also alles, wat am Beräich Consommatioun läit.

D'Konscht vum Tätowéiere gëtt hei grouss geschriwwen an dëse Beräich ass natierlech gutt vertruede mat 250 Këntschler aus der ganzer Welt, mat diverse Konschtstiler a -richtungen.

An net ze vergiessen: Party! Nodeems d'Nuetsliewe quasi 2 Joer laang op Äis lung, ass et un der Zäit ze feieren! Dat mat jonken, talentéierte Lëtzebuerger DJs, verréckten Aktioune wéi zäiteweis Fräibéier, alles an enger cooler, 80's Ambiance passend zur "80's Edition".

Event Navigator

RTL

Den Damiel, d'Amira an den Joe vun der Organisatioun / © Eldoradio

Lauschtert hei nach eemol den Interview vum Donneschden Owend:

Interview

Eldoradio schéckt iech gratis op d'Life Expo

Schreift iech hei an a gewannt dëse Freideg mat Chance eng Koppel Entréestickete fir déi 3 Deeg kënnen op d'Life Expo ze goen.

Kuckt hei den Trailer