
Eldoradio presentéiert dëse Samschdeg de Sudstroum Escher Kulturlaf zu Esch/Belval.
Sidd dobäi wann den Escher Kulturlaf an déi nächst Editioun erastart! Mat 4 verschiddene Strecken ass fir jiddfereen eppes dobäi:
Vun den Héichiewen duerch d'Uelzechtstrooss erëm zréck op de Belval! Mat vill Animatioun laanscht déi ganz Streck sou wéi d'musikalesch Ënnerstëtzung vu lëtzebuergesche Bands op all Kilometer! De komplette Kultur- an Animatiouns-Programm fannt dir hei!
Freides, den 1. September vu 16h00 bis 22h00:
- grouss Pasta-Party mat gudder Musek bei den Héichiewen zu Esch/Belval
- Remise vun de Startdossarden un d'Leefer
- All Leefer kritt eng gratis Pasta vum Ristorante Giovanni Rana zerwéiert
Samschdes, den 2. September
- vu 16h00 un: Ouverture vum Food Village a vum Yuppi-Mini-Village
- vu 18h00 un: Départ vum Sudstroum Escher Kulturlaf
- vun 21h00 un: After Kukturlaf Party mat ënnert anerem den Toxkäpp

Den Ivano aus dem Organisatiounscomité vum Escher Kulturlaf
Lauschtert hei nach eemol den ganzen Interview:
Séchert iech äre Startdossard fir de Sudstroum Escher Kulturlaf a schreift iech nach bis e Freideg online an! Samschdes kënnt dir iech just nach op der Plaz umellen!
