
Eldoradio presentéiert dëse Samschdeg déi éischt Editioun vum Ettelbrooklyn Street Fest zu Ettelbréck!
De ganzen Dag iwwer erwaart iech e grousse Programm vu Konscht, Comic, Musek a Streetfood am Zentrum vun Ettelbréck!
Ettelbrooklyn Street Fest
Sidd dobäi wann Akrobaten zu Ettelbréck duerch d‘Stroossen danzen an de Superman ufänkt Klarinette ze spillen:
Vun 10h00 u mat groussem Bichermaart an der Rue Guillaume
Vun 12h00 u Food Village mat ënnerschiddleche Foodtrucks op der Place de la Libération
Vun 14h00 u mat Stroossenanimatioun, Graffiti Workshops an Optrëtter vun Akrobaten, Kënschtler a Museker, mat den Haaptacts Dundu an Austinn an der Grand-Rue, Rue Guillaume an op der Place Guillaume a Place de la Libération
Den Entrée ass gratis - de genaue Programm fann dir hei!
Verpasst och op kee Fall déi grouss Afterparty vun 01h00 un am MPire zu Ettelbréck!

D'Nathalie Ney, de Luca Heindrichs an d'Nathalie Reckinger vun Ettelbrooklyn
