
Dir wëllt verschidde Foodtrucks an enger gemittlecher Atmosphär ausprobéieren? Da kommt muer op de Foodtruck & Music Festival zu Bruch um Fussballsterrain!
D'Pompjeeë vu Béiwen-Attert invitéiere muer vu 16h00 un op de Foodtruck & Music Festival mat fräiem Entrée zu Bruch um Fussballsterrain!
Am Food Village erwaarden iech eng sëlleche Foodtrucks aus ënnerschiddleche Kulturen a bidden iech d'Geleeënheet vill nei oder albekannte kulinaresch Highlights ze probéieren an ze schmaachen! Op salzeg oder séiss, vegetaresch oder Vegan - op dësem Foodtruck Festival ass fir jiddereen eppes dobäi!
Am Kids Corner sinn och d'Kanner op dësem Festival gutt encadréiert a kënnen hei vum Sprangschlass, Intefëschen, Facepainting oder Glécksrad profitéieren!
De Music Village bitt iech vu 16h00 u déi beschte Beats aus der lëtzebuerger Museks-Szeen:
16h00 DJ Aligator
17h00 DJ's from Lux
18h00 Kelly Decker
19h00 Simply 2
21h00 Hell in Paradise
22h00 District 7
23h00 DJ's from Lux
Loosst iech dëse kulinaresch a musikalesche Festival op kee Fall entgoen a kommt dëse Samschdeg vu 16h00 un op de Foodtruck & Music Festival zu Bruch! Den Entrée ass fräi

D'Organisateuren vum Foodtruck & Music Festival: Luca, Ben & Jérome