Dëse Sonndeg dréint sech am Artikuss zu Zolwer vun 10h00 un alles ronderëm d'Musek!

Dir sidd op der Sich no engem Instrument, Placken, CDen oder Museksbicher an -Zäitschrëften?

Da sidd dir um

Musikbazar

genau richteg!

Dëse Sonndeg mécht de Musikbazar seng Dieren um 10h00 zu Zolwer am Artikuss op! Hei fann dir alles wat äert Museker-Häerz méi schnell schloe léist! D'Entrée kascht 5€ a gebuede ginn iech net nëmme Kaf- an Tauschartikelen, mee och musikalesch Workshops:

12h00 - Luca Sales - Keys (Grund Club, Marc Welter's Joint Bunch)
14h00 - Georges Goerens - Songwriting (Seed to Tree, Bartleby Delicate)
16h00 - Tim Schoon - Producing
17h30 - DJ Headmasta - Hiphop Beats

Kommt laanscht a verbréngt e musikalesche Sonndeg zu Zolwer am Artikuss! Musikbazar - vun 10h00 bis 18h00!

RTL

De Joel an de Charel vum Musikbazar

Event Navigator Musikbazar ITV
RTL