Eldoradio feiert dëse Freideg am Melusina de 25. Gebuertsdag mat iech zesummen!

Feiert mat eis e véierels Joerhonnert a knackt dëse Freideg zesumme mat eis de Schampes op der

25 Joer Eldo Party

Kommt dëse Freideg an de Melusina a feiert vun 22h30 u mat eis zesummen dëse ronne Gebuertsdag! Mat

  • enger flotter 90's Lounge
  • engem Gaming Corner
  • der Band "Flying Orkestar"
  • an de beschte Beats vun Eldo Oldschool DJ's
  • Mat Busnavette vum Glacis an de Melu a fräiem Entrée kënnt dir dëse Freideg bis 3h00 an der Nuecht zesumme mat eis feieren!

    Är Liiblings-Animateure bréngen iech an är Kollegen op d'25 Joer Eldo Party!

    Lauschtert Eldoradio a gewannt déi ganz Woch ee vu 5 Minibus-Shuttlë fir e Freideg den Owend op d'25 Joer Eldo Party! De Minibus kënnt iech a 7 Frënn Owes sichen a bréngt iech no der Eldo Party am Melu erëm gutt a sécher heem!

    Donneschdes beim Wulli am Eventnavigator
    a Freides beim Andy an der Morningshow!

    Lauschtert hei nachemol d'Interviews aus dem Event Navigator:

    Event Navigator 25Joer Eldo 1
    Event Navigator 25Joer Eldo 2

    Lauschtert déi ganz Woch Eldoradio a gewannt mat e bësse Chance äre perséinleche Party-Shuttle fir op déi grouss 25 Joer Eldoradio Party!

    Lauschtert hei de Spot!

    Verpasst op kee Fall d'25 Joer Eldo Party a sidd dëse Freideg mat dobäi wann déi ganz Eldo-Equipe zesumme mat iech de 25. Gebuertsdag feiert!