De Weekend vum 18. an 19. November ass zu Ettelbréck an der Däichhal erëm de "Place to be" fir all Tattoo-Fan!

Tattoo-Fans opgepasst! Dëse Weekend ass zu Ettelbréck an der Däichhal erëm déi grouss

Master Tattoo Convention 2017

Nieft international renomméierten Tattoo Artiste gitt dir hei alles iwwert Tattoo, Piercing, speziell Kierper-Bijouen, Baarthygiene a villes mei gewuer!

Verpasst och net déi spektakulär Tattoo- a Musek-Shows, mat ënnert anerem de lëtzebuergesche Bands "The Strawberries", "Gaasserock Blues Band" a "Säitesprong"!

Fir de klengen Honger sinn de ganze Weekend verschidde lëtzebuergesch Foodtrucks op der Plaz!

De Christian Enders an t'Carine Klingenberg vum Organisatiounscomité /

Event Navigator Master Tattoo Convention ITV 1
Event Navigator Master Tattoo Convention ITV 2