
Erliewt dëse Weekend spektakulär Handballmatcher op europäischer Bühn am Challenge Cup zu Bierchem!
De lëtzebuergesche Vize-Champion HC Bierchem spillt dëse Weekend an der drëtter Ronn am Challenge Cup géint déi serbesch Equipe ORK Samot 65!
Samschdes, de 25. November ass den "Allez"-Match um 17h00 an der Sportshal zu Krautem
Sonndes, de 26. November ass de "Retour"-Match um 16h00 an der Sportshal zu Krautem
Tickete ginn et an der Dageskeess fir 10€ fir ee Match oder fir 15€ fir déi 2 Matcher!

De Björn an den Tom vum HC Bierchem
ITV HC Bierchem Coupe d'Europe
Kommt laanscht a feiert den HC Bierchem dëse Samschdeg a Sonndeg un!
