Nei ass d'Vergréisserung vun der Piste op 800m2, dovun d'Halschent ënner Dach an eng geséchert Piste nëmme fir kleng Kanner.

Event Navigator Knuedler on Ice 1
Event Navigator Knuedler on Ice 2

Bis de 7. Januar 2018 kann een um Knuedler an der Stad erëm Schlittschong fueren.

D'Auerzäite sinn: 
Sonndes bis Donneschdes: 11h00 - 21h00
Freides bis Samschdes: 11h00 - 22h00

An der Chrëschtvakanz bleift d'Äispist vum 17.12.17 un eng Stonn méi laang op, also bis 22h00. Op Hellegowend ass se da just bis 17h00 Auer op. Dir kennt souguer äre Silvester-Owend op der Schlittschongpiste verbréngen an an dat neit Joer erafeieren. Vun 20h00 bis 2h00 gëtt Animatioun a Musek ugebueden.

Et soll een awer am Beschten de Site vum

besichen ier een dohinner geet: d'Horairë kënnen nämlech wiesselen.

© Eldoradio

Grouss a kleng vun all Alter sinn do wëllkomm sech Schlittschong auszeléinen. Den Entrée ass 5 Euro an d'Ausléine vu Schlittschong kascht jeeweils 2 Euro fir Erwuessener an 1 Euro fir Kanner déi maximal 1,20 Meter grouss sinn.

Eng Neiegkeet vun der Editioun 2017 ass d'Vergréisserung vun der Piste, déi eng Gesamtfläch vun 800 m2 huet, dovunner 400 m2 déi ënner Dach sinn. Net ze vergiessen ass awer och déi nei geséchert Piste vun 100 m2 speziell fir déi ganz kleng Kanner, déi fir d'éischte Kéier Schlittschong fueren.

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer:

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer:

Och d'Schäffen D'Simone Beissel erkläert wat besonnesch um "Knuedler On Ice" 2017 ass.

D'Simone Beissel

© Eldoradio

Eng Chorale vu Kanner huet d'Ouverture vum "Knuedler On Ice" matgefeiert.

© Eldoradio

Et kann een sech och vun Donneschdes bis Sonndes vu 15h00 bis 18h00 vun engem Moniteur vun der "Fédération du patinage artistique Luxembourg" hëllefe loossen. Dobäi suergen och verschidden Animatiounen an DJen all Dag fir gutt d'Stëmmung um Knuedler.

D'Visiteuren dierfen dann an enger spezieller Zone nokucken. Fir d'Iessen a Gedrénks ass och gesuergt: Glühwäin a Spezialitéiten dierfen net feelen.

© Eldoradio