
Et gëtt nach eng läschte Keier sportlech fir d'Joer 2017 an dat um Campus Geesseknäppchen!
An der Chrëschtvakanz ass et erëm souwäit, d'Studente sinn erëm zu Lëtzebuerg an dofir organiséiert d'ACEL a Kooperatioun mat der LASEL den Tournoi de Noël. Heibäi trieden zwee Deeg laang an dréi verschidde Sportaarten, d'Studentencerclë géinteneen un.
Wei gewinnt gëtt erëm op zwee verschidden Datume gespillt:
- 27. Dezember gëtt Basket a Volleyball gespillt
- 28. Dezember ass dann Fussball ugesot
Dat Ganzt fënnt wéi déi Jore virdrunner um Campus Geesseknäppchen statt a fir Iessen a Gedrénks wäert och dëst Joer erëm gesuergt sinn. All Lëtzebuerger Student dee hei matmaache well, soll sech beim Studentencercele vu senger Studentestad (https://acel.lu/cercles) mellen, well nëmmen dee kann d'Equipe bei der LASEL umellen.

De Joe, Pascal an den Theo vum Comité
Lauschtert hei den Interview nach eemol: