De franséische Star-Dj kënnt um Ufank vum nächste Joer zréck op Lëtzebuerg, an d'Rockhal.

De franséische Star-Dj David Guetta sollt an de Joren 2008, 2009 an 2011 der Rockhal spillen, 2010 sollt e fir en Optrëtt an d'Luxexpo kommen. Ma zanter 2011 ass hei net méi am Grand-Duché gewiescht. Den 31. Januar 2018 wäert de Museker säi Comeback op Lëtzebuerger Buedem ginn.

De groussen Duerchbroch sollt dem Guetta am Joer 2009 mam Album "One Love" a Lidder wéi "When Love Takes Over", "Memories" a "Sexy Bitch" geléngen. Bis haut huet hie 6. Alben an iwwer 40. Singlen erausbruecht. De 7. November huet de Museker séng 50 Joer kritt.

Den Thomas vun der Rockhal war beim Wulli am Studio, fir iwwert dëse groussen Gig ze schwätzen:

Den Thomas vun der Rockhal /

Lauschtert hei nachemol déi 2 Deeler vum Interview:

Event Navigator David Guetta ITV 1
Event Navigator David Guetta ITV 2