Dëse Samschdeg ass an de Rives de Clausen d'Eldo Fuesparty a Sonndes déi 29. Dikricher Cavalcade!

Fuesboken a Fuesgecken opgepasst, well Fuessamschdes, den 10. Februar ass déi grouss

Eldoradio Fuesparty an de Rives de Clausen!

Fuessamschdes, den 10. Februar lafe fir eng éischte Kéier Indianer, Minions oder Clownen duerch déi verschidde Lokaler an de Rives de Clausen!

Verschidde Lokaler - Verschidden Ambiancen: Op Kölle Alaaf, Samba do Brasil oder Carnaval de Venecia, fir all Fuesbok ass eppes dobäi!

Feiert zesumme mam Eldo op der Eldoradio Fuesparty an de Rives de Clausen (18+) a profitéiert vun de gratis Navette vum Glacis aus!

Halli Galli an de Rives de Clausen mat fräiem Entrée a fräier Nuecht!

Den Jean-Claude (Rives de Clausen) /

Hei fannt der de ganzen Interview vum Donneschden-Owend:

Event Navigator Fuessamschden 1
Event Navigator Fuessamschden 2

10 Méint laang gouf organiséiert a geschafft. Sonndes, den 11. Februar ass et souwäit:

"Mat den Eselen aus der schinger Sauerstad

do start Fuessondig di 39. Dikricher Cavalcade"

Den Depart vun der Cavalcade ass Sonndes, den 11. Februar um 14h30 an der Route de Gilsdorf.

Wien duerno nach net genuch vu Fuesent huet, dee ka vu 16h00 un am Centre Culturel "Al Seeërei" Party bis Owes spéit maachen!

Hei gëss du alles gewuer, op mam Zuch oder Bus, kommt alleguer!

De Sandro vum Organisatiounscomité /

Hei nach eemol den Interview vum Donneschden:

Event Navigator Cavalcade Dikierch 1
Event Navigator Cavalcade Dikierch 2