
Dëse Samschdeg ass zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein eng Kölsche Nacht!
Am Kader vun den 100 Joer Lënster Musek ass dëse Samschdeg zu Jonglënster vun 21h00 un déi grouss
Kölsche Nacht
- Kölner Feeling
- Kölner Deko
- Kölsch vu Köln
- Kölner Iessen
Fir déi beschte Stëmmung suergt den DJ AL an déi Kölsch Kultband 6 Richtije
Virverkafstickete ginn et fir 7€ hei oder fir 10€ an der Oweskeess - Lass geet et um 21h00! Opgepasst, vu 16 Joer un!

Den DJ Al an d'Tiffany vun der Organisatioun
De kompletten Interview gëtt et hei nach eemol ze lauschteren:
Event Navigator Kölsche Nacht ITV
Feiert dëse Samschdeg zesumme mat der Lënster Musek hiren 100. Anniversaire op der Kölsche Nacht zu Jonglënster!
