Dëse Weekend treffe sech d'Fans vun der Science Fiction, Fantasy an Horror-Kultur ërem op der Luxcon am Forum Geesseknäppchen!

D'Science Fiction & Fantasy Society Lëtzebuerg invitéiert iech dëse Weekend op déi 5. Editioun vum Fantasyfestival

LUXCON 2018

2 Deeg laang fann dir um "Festival de l'Imaginaire" alles ronderëm d'Fantasy-Welt: Vu Science Fiction, Fantasy & Horror iwwert Cosplay ginn hei all är Wënsch an Erfëllung! OP dëser Convention hunn d'Fans, d'Geeks an d'Nerds d'Méiglegkeet hir Liiblingsbicher, Sendungen, Spiller, Filmer, etc. ze feieren a sech ënnerteneen auszetauschen!

Samschdes, de 14. Abrëll vun 10h00 bis 01h00 a Sonndes, de 15. Abrëll vun 10h00 bis 18h00 am Forum Geesseknäppchen an der Stad.

Special Guests sinn ënnert anerem:

  • Weltklass-Auteuren Wolfgang Hohlbein, Kai Meyer, Jens Schumacher, Laurent Genefort, Stina Leicht a Peadar Ò Guilìn
  • de Star Wars Statist Phoenix James
  • den däitsche Science Fiction Präis Gewënner Dirk van den Boom
  • de Comic-Zeechner Richard E. Dominguez
  • lokal, regional an international Gäscht a Verkeefer

RTL

De Gérard Kraus vun der Luxcon

Lauschtert hei nach eemol den Interview:

Event Navigator Luxcon ITV

Rendez-Vous fir all Nerd, Geek a Cosplay Fan, dëse Weekend op der Luxcon am Forum Geesseknäppchen!

RTL

© Alain Prion

RTL