
Loscht op e rockegen Owend? Dann ass de Rock un der Atert muer den Owend genau dat richtegt fir iech!
D'Réidener Musek presentéiert dëse Samschdeg déi 4. Editioun vum
9 national an international Bands trieden dëst Joer op der Place Bian zu Réiden op! Vu 17h00 u si fir iech live op der Bühn:
- Dream Catcher
- Elysian Gates
- De Pascal vu Wooltz
- Radio Station
- Diario
- Reaven (FR)
- Lischkapelle (DE)
- Klappstuhl
- Los Dueños
(D'Gewënner gi bis den Owend kontaktéiert)
Kaaft iech ären Ticket elo fir 10€ online, bei de Membere vun der Réidener Musek oder fir 15€ an der Oweskeess!
Dir kommt mam Auto? Da parkt ären Auto bei den Atert Lycée a profitéiert vun der Navette déi vun do aus bei d'Kierch féiert! Oder kommt mam Bus a profitéiert vum LateNightBus!
Rock un der Atert - Muer den Owend zu Réiden op der Place Bian.

De Vincent Halsdorf, de Philippe Jaaques an de Ben Ehlinger /