
© Ern Jacoby
Dëse Sonndeg ass d'Downhill-Pist vum Downhill & MTB Club zu Recken un der Mess fir de Public op!
Den Downhill & MTB Club vu Recken op der Mess invitéiert dëse Sonndeg op déi 2. Editioun vun der
Piste Ouverte @ Recken op der Mess
Vun 11h00 u kënnt dir déi 2 Sportaarten "Downhill & Mountainbike" besser kenneléieren! Bréngt äre Vëlo an ären Helm mat a probéiert iech de ganzen Dag op der neier Pist vum Club! D'Membere stinn iech de ganzen Dag mat Fro & Äntwert zur Verfügung a wäerten och déi eng oder aner Tricken dem Public weisen!
- Downhill & Mountainbike-Show
- Vëlo-Ausstellung
- Geschécklechkeetsparcours fir Kanner an Erwuessener
- Challenges, wéi Limbo etc fir Kanner mat flotte Präisser
De ganzen Dag iwwer mat Musek, Iessen an enger super Ambiance!

De Sam, de Ken an de Jeff vum Downhill & MTB Club zu Recken un der Mess /
