Samschdes, den 8. September ass d'Editioun 2018 vum sudstroum escher kulturlaf zu Esch/Belval.
Schreift iech an a sidd dobäi wann de sudstroum escher kulturlaf an déi nächst Editioun erastart! Mat 3 verschiddene Strecken ass fir jiddereen eppes dobäi:
Vun den Héichiewen duerch d'Uelzechtstrooss erëm zréck op de Belval! Mat vill Animatioun laanscht déi ganz Streck sou wéi d'musikalesch Ënnerstëtzung vu lëtzebuergesche Fanfaren op all Kilometer! De komplette Kultur- an Animatiouns-Programm fannt dir hei!

Laure Willière an Pol Zimmermann. Secrétaire an Président vun der Escher Kulturlaf Asbl. /
Freides, de 7. September vu 16h00 un:
- grouss Pasta-Party mat gudder Musek an Expo bei den Héichiewen zu Esch/Belval
- Remise vun de Startdossarden un d'Leefer & Umeldungen
- All Leefer kritt eng gratis Pasta vum Restaurant "dimmi si" zerwéiert
Samschdes, den 8. September
- vun 10h00: Remise vun de Startdossarden un d'Leefer & Umeldungen
- vun 15h00 un: Ouverture vum Food Village
- um 16h00: Depart vum Yuppi-Mini-Kulturlaf
- vun 16h30 un: Ouverture vum Yuppi-Mini-Village
- vu 17h00 un: Depart vum Sudstroum Escher Kulturlaf
- um 19h30: Präisiwwerreechung
- vun 20h00 un: After Kukturlaf Party mam DJ Fritz & Fanta P.
Dir verkleed iech gär? Da laaft an ärem coolste Superhelden-Kostüm mat a gewannt de "Kultur-Oscar vun der beschter Verkleedung" an nach vill aner flott Präisser.
Schreift iech hei fir de Kulturlaf an!
Séchert iech äre Startdossard fir de sudstroum escher kulturlaf a schreift iech nach bis Donneschdes, de 6. September online an! Freides, den 7. September a Samschdes, den 8. September kënnt dir iech just nach op der Plaz umellen!
