
Eldoradio an de Foyer invitéieren op déi 4. Editioun vum Foyer Light Run Samschdes den 22. September zu Dikrech!
Erlieft Samschdes, den 22. September, eng eenzegaarteg Laf-Ambiance am däischteren um véierte
- FOYER LIGHT RUN -
De Startschoss fält um 21h00 Auer an der Aler Seeërei zu Dikrech!
Dir sidd geckeg, dot iech gäre faarweg un an hutt Spaass a Freed um Laafen, Joggen oder Trëppelen? Da mellt iech elo fir de FOYER Light Run un a gitt beim faarwegste Laf vum Joer mat un den Depart!

Um FOYER Light Run kënnt dir an enger eenzegaarteger Ambiance mat Spaass, Liichtspektakel a vill Animatioun e 6 Kilometer-Run ouni Chrono zréckleeën! Mat Glow-Zumba virum Laf an der aler Seeërei!
- 6 km Nightrun
- Geckeg Laaf-Ambiance
- Liichtspektakelen
- Vill Animatioun um a ronderëm de Parcours
- Depart an Arrivée an der aler Seeërei

Mellt iech elo hei fir dëse FLUO-Run un!
