
Sonndes, den 28. Abrëll ass déi 10. Editioun vum DKV Urban Trail an der Stad!
Loscht bei engem eenzegaartege Laf duerch d'Stad mat dobäi ze sinn? Da mellt iech elo eleng oder am Team un, fir déi 10. Editioun vum
DKV Urban Trail an der Stad
Ob am Team, eleng, mam Partner oder dëst Joer ganz nei mat ärem Hond - beim DKV Urban Trail ass fir jiddereen, ob grouss oder kléng eppes dobäi!
- 7 verschidde Coursen, mat 6 verschiddenen Distanzen
- 2 Mini-Trail-Parcourse fir d'Kanner
- Mat Animatioun um Depart & op der Arrivée
Erlieft d'Stad Lëtzebuerg emol vun enger anerer Säit & gitt den 28. Abrëll mat un den Depart!
Huelt e Sonndeg, den 28. Abrëll un der 10. Editioun vum DKV Urban Trail deel & laaft laanscht déi coolste Touriste-Spots vun der Stad Lëtzebuerg!

De José Azevedo vum DKV Urban Trail / © Eldoradio
Lauschtert hei de ganzen Interview no:
