
De 25. Abrëll ass zu Dikrech an der aler Seeërei dInfofoire "Be Active"!
Du bass tëscht 16 a 26 Joer al a wëlls dech iwwert deng Zukunft informéieren? Da komm de 25. Abrëll op d'Infofoire
Be Active an der Aler Seeërei
Den 25. Abrëll erwaart iech vun 16h00-19h00 zu Dikrech an der aler Seeërei eng Foire fir Jonker tëscht 16 a 26 Joer, déi iech d'Méiglechkeet bitt mat verschiddene Patronen a Servicer a Kontakt ze trieden an esou Infos zu Aarbechtsplazen, Vakanzenjobs, Formatiounen, Beruffer a Schoulen ze kréien.
De 25. Abrëll fannt dir alles ronderëm:
- Orientatioun
- Schoulen
- Engagement
- Formatioun
- Beruffer
- Vakanzenjobs

D'Naomi an d'Tatjana vum Be Active /

Kommt de 25. Abrëll mat Frënn oder ären Elteren op d'Jobfoire "Be Active" an der Aler Seeërei!