
Vum 29. Mee bis den 1. Juni ginn um Iechternacher Séi nees 4 verschidde Filmer am Drive in Cinema gewisen!
Och dëst Joer presentéiert iech de Ciné Sura um Iechternacher Séi erëm den
Drive in Cinema
Dir wëllt eng bësse méi speziell Kinosambiance erliewen? Dann ass den Drive in Cinema zu Iechternach um Séi genau dat richtegt fir iech!
Erlieft op der gréisster Leinwand an der Groussregioun 4 fonkelnei Filmer bequem an ärem Auto mam Audio direkt aus ärem Autosradio!
Mat Snacks- a Gedrénksstänn op der Plaz steet engem gemittleche Kinosowend näischt méi am Wee!
Lass geet et all Dag um 19h30 - de Film fänkt no Abroch vun der Däischtert géint 21h30 un! Kaaft iech elo hei är Ticketen!
- Mëttwochs, den 29. Mee: Avengers Endgame (VA)
- Donneschdes, den 30. Mee: Rocketman (VO)
- Freides, den 31. Mee: Godzilla 2 (VA)
- Samschdes, den 1. Juni: Aladdin (VA)

Christian & Nicole vum Event Team Ciné Sura / © Eldoradio
4 Deeg - 4 Filmer: Drive in Cinema zu Iechternach um Séi!
