
Muer ass an der Aler Seeërei déi 9. Editioun vum Jugendevent "Teenage Dream": Eng Info-Foire mat uschléissender Party fir Jonker tëscht 11 a 15 Joer!
D'Nordstadjugend an Eldoradio presentéieren muer den Owend
TEENAGE DREAM - 100% Spaass, 0% Alkohol
Vu 18h00 bis 20h00 kann ee bei enge sëllechen Info-Stänn u flotte Spiller, Workshops an engem klenge Rallye deelhuelen, wou ee verschidde Präisser gewanne kann.
Vun 20h00 bis 23h00 suergt den Eldo-DJ Se7en fir déi beschte Beats op der Danzpist, ganz ënnert dem Motto:
- 100 % Spaass
- 100 % Informatioun
- 100 % Partystëmmung
- 0 % Alkohol
D'Entrée fir Jonker déi tëscht 18h00 an 19h30 un der Foire deelhuelen ass gratis - duerno fir d'Party vun 20h00 u kascht d'Entrée 5€.
Profitéiert och vun de gratis Busnavetten, déi iech gratis an d'Al Seeërei bréngen & erëm Heem! Kuckt iech hei de genaue Planning vun den Navetten un!

Jil Sauber & Claude Nussbaum / © Eldoradio
TEENAGE DREAM - Dëse Freideg, de 24. Mee zu Dikrech an der Aler Seeërei fir Jonker tëscht 11 a 15 Joer!
