
Malle kënnt dëse Sonndeg fir eng 2. Kéier op Miersch op de Site ronderëm d'Fabrik an de Meat Point!
Dir hutt Loscht op Insel-Party-Feeling pur? Da kommt dëse Sonndeg op Miersch, well Concept&Partners an den DJ AL presentéieren hei fir déi 2. Kéier de
MALLORCA FESTIVAL LËTZEBUERG
Vu 16h00 un erwaarden iech hei summerlech Malle-Deko, Beach-Bars, e Strand mat Ligen, Iessen, Sangria & Gadgets - dat Ganzt bannen a baussen mat 2 Bühnen!
LINE UP
- IKKE Hüftgold
- Isi Glück
- HONK!
- Ingo ohne Flamingo
- Kreisliga Legende
- Julian Benz
- DJ AL
Kaf dir elo schonn däi Virverkafsbändche fir 10€ an der Fabrik - esou kënns du sécher eran & kriss och nach e Gedrénks fir näischt! Oder wëlls de léiwer spontan dohinner? Da kaf dir däi Bändchen fir 10€ an der Oweskeess!

Den DJ AL / © Eldoradio
Dëse Sonndeg - Malle-Feeling-Pur op der In- & Outdoor-Party zu Miersch bei der Fabrik an am Meat Point!