
E Sonndeg trieden zu Réiser nees Jonk an Al mat hire selwer gebastelte Gefierer géinteneen un.
No villem Schrauwen, Klappen a Baue flitzen e Sonndeg erëm witzeg Gefierer duerch Réiser, well The Open Ends a.s.b.l. invitéiert op déi 3. Editioun vum
Seefekëschterennen!
Den éischten Depart vun den ausgefalenen a selwer gebaute Seefekëschten ass e Sonndeg um 13h00!
An 2 Kategorien gëtt ëm déi éischt Plaz gefuer:
- KIDS (bis 12 Joer)
- OPEN (vun 13 Joer un)
Vun 11h00 u grousst Fest mat Iessen, Gedrénks a flotter Animatioun fir Kanner.
Kommt laanscht a feiert mat der ganzer Famill déi sëlleche Chaufferen dëse Sonndeg an der Rue des Sacrifiés un!
Dir sidd elo op de Goût vum Seefekëschtefuere komm? Da mellt iech hei nach séier un!

De Georges, de Wayne an den Dan vun der Organisatioun / © Eldoradio

© http://openends.lu/
Seefekëschterennen - En Event fir déi ganz Famill, dëse Sonndeg zu Réiser an der Rue des Sacrifiés!