De Weekend vum 12. & 13. Juli gëtt d'Gemengeplaz zu Ueweraanwen nees ganz am amerikanesche Style gerëscht!

D'Buergfrënn Nidderaanwen organiséiere fir eng 4. Kéier freides, den 12. a samschdes, den 13. Juli d'

American BBQ Days @ Ueweraanwen

2 Deeg laang erwaarden iech hei déi bescht Food-Trends aus der amerikanescher Kichen, mat ënnert anerem Pulled Pork, Spare Rips, Burger, Twisters an amerikanesche Béier!

Freides, vu 17h00 u mat fräier Nuecht bis 3h00 mat der Band

  • The Cable Bugs

Samschdes, vun 11h00 u bis 23h00 mat live Musek vun

  • Mississippi Three
  • Fuzz Top original ZZ Top Cover Band

Déi 2 Deeg mat amerikaneschem Saloon:

  • Cocktail-Lounge
  • Whiskey Bar
  • Cigar Lounge

D'Entrée fir déi 2 Deeg kascht 5€ - Kanner ënnert 12 Joer komme fir näischt eran!

Kommt de Weekend vum 12. & 13. Juli op déi véiert Editioun vun den American BBQ Days zu Ueweraanwen bei der Gemeng!