
Dëse Freideg ass zu Mäertert am Park déi 7. Editioun vum Eastcoast Festival!
Och fir déi 7. Editioun vum "Eastcoast Festival" invitéiert d'Gemeng Mäertert dëse Freideg erëm op d'Musel a - E Festival mat fräiem Entrée a mat ville musikaleschen Highlights op 2 Bühnen:
Lass geet et dëse Freideg um 17h30 mat Afterwork Party am Park zu Mäertert!
Loosst iech vu de verschiddene Craftbeers - Béier aus klenge Brauereien - iwweraschen a genéisst d'Iessen vu 4 verschiddene Food Trucks am Foodtruck Village!
Parkméiglechkeete ginn et direkt nieft dem Festival-Site! Profitéiert och vun de Latenightbusser déi an der ganzer Régioun fueren!

De Luc an den Fraenz vum Eastcoast Festival / © Eldoradio
Interviews am Video-Replay:
Verpasst also op kee Fall den "Eastcoast Festival" dëse Freideg Owend zu Mäertert am Park!
