
Dëse Weekend ass eng weider Editioun vum Foodtruck & Music Festival zu Béiwen/Atert mat engem musikaleschen Highlight um Freideg Owend!
Kommt dëse Freideg & Samschdeg op Béiwen un der Atert a loosst iech vum "C.I.S BOAT" musikalesch & kulinaresch verwinnen um
Foodtruck & Music Festival
Freides owes vun 20h00 u mat grousser Warm-Up Party mat Foodvillage ënnert dem Motto "Ballermann Meets Electronic" mat fräier Nuecht bis 3h00:
- DJs From Lux
- DJ Tyler-K
- DJ Mape
- a mam Special Act ISI GLÜCK
Virverkaf kritt dir fir 8€ bei de Membere vum C.I.S BOAT oder fir 10€ an der Oweskeess!
Profitéiert och vum Latenightbus - de Planning fannt dir hei!
Samschdes vu 15h00 u bis 1h00 ass am Foodvillage fir all Goût eppes dobäi! D'Entrée um Samschdeg ass gratis. Och d'Kanner kommen am Kids Corner op hir Käschten!
- DJ Tyler-K
- DJ AL
- Flex Diamond
- DJs from Lux
- an den Dëppegéisser um 15h00

De Sam, de Luca an de Jerome vun der Organisatioun / © Eldoradio
FOODTRUCK & MUSIC FESTIVAL - Dëse Freideg & Samschdeg zu Béiwen un der Atert!
