
Dëse Weekend gëtt et zu Iechternach um Parking a Kack eppes ze feieren!
D'Pompjeeën Iechternach feieren 150 Joer! An dat gëtt dëse Weekend mat 2 onvergiessleche Partye gefeiert!
Mallorca Summer Night
Freides mat Afterwork vu 19h00 un um Parking a Kack zu Iechternach mat mega Malle-Ambiance vun
- Mia Julia
- Almklausi
- Honk!
- Frenzy Blitz
- Hoffi & Zambezi
D'Tickete kritt een am Virverkaf fir 12€ oder an der Oweskeess fir 15€!
Oktoberfest
Samschdes vun 19h00 u mat traditioneller Oktoberfeststëmmung. Fir déi richteg bayresch Musek suergen
- Die Lederrebellen
- DJ Andy Luxx!
Vergiesst net ären Dësch ze reservéieren!
Samschdes a sonndes vun 11h00 u grouss Porte Ouverte vun de Pompjeeën Iechternach mat
- Virféierungen
- Ausstellungen
- Informatiouns- & Verkafsstänn
- Animatioun fir Kanner

De Pol an den JC vun 150 Joer Pompjeeën Iechternach / © Eldoradio
Dëse Weekend - 3 Deeg Animatioun, Porte Ouverte & cool Partyen op der 150-Joer-Feier vun de Pompjeeën Iechternach!