12 national an international DJs suergen samschdes de 14. September um Kierchbierg fir déi beschten elektronesch Beats um LOA Festival.

E Samschdeg, de 14. September start en neie Musek-Festival matten an der Stad a seng éischt Editioun!

Luxembourg Open Air Festival @ Kierchbierg

LOA - Een Open Air Festival op der Place de l’Europe mat gratis Entrée, op deem sech 12 Stonne laang alles ronderëm elektronesch Musek dréint - vun 11h00 bis 23h00!

Nieft lokalen DJs stinn och international DJs aus Holland, Italien oder Däitschland als Headliner op der Bühn

  • Mike Williams
  • Brooks
  • Marnik
  • Danko
  • Lovra
  • Himmelfahrt

De komplette Line Up mam Timetable fannt dir hei!

Nieft musikaleschen Highlights aus der Elektro-Zeen gëtt et ënnert anerem och nach

  • e Food Village
  • eng Chill-Out Area
  • verschidden Themen-Bars
  • Animatioun an e puer Iwwerraschungen

De ganzen Dag iwwer ass de Bus an den Tram an der Stad gratis - profitéiert heivunner a kommt mam ëffentlechen Transport op de Festival!


Interview LOA-Festival:

RTL

De Sebastian vum LOA Festival / © Eldoradio

Event Navigator LOA ITV 1
Event Navigator LOA ITV 2

LOA Festival - en elektronesche Musek-Festival mat gratis Entrée, samschdes de 14. September vun 11h00 un um Kierchbierg!