
Eldoradio bréngt iech e Méindeg den Owend 9. Dezember a Chrëschtstëmmung a wiermt iech mat engem gratis Glühwäin!
Trommelt är Kollegen zesummen, well e Méindeg 9. Dezember verwinnt déi ganz Equipe vum Eldo iech erëm 1 Stonn laang mat gratis Glühwäin an dat vun 18h00 bis 19h00 beim Riserad um Wantermaart bei der Gëlle Fra!
Glühwäin op Käschte vun Eldoradio - Kommt laanscht & loosst iech verwinnen!
Donieft melle mir eis vu 17h00 u live vum Wantermaart bei der Gëlle Fra an der Stad eran!
Verpasst also op kee Fall äre gratis Glühwäin, e Méindeg 9. Dezember vun 18h00 bis 19h00 beim Riserad bei der Gëlle Fra.
En neit Joer - eng nei Plaz - 1 Stonn gratis Glühwäin!

Den Andy an de Wulli / © Eldoradio
Den Andy war den Owend schonn beim Wulli am Studio. Lauschtert hei nach eemol den Interview:
Mir freeën eis op iech!