Vum 5. bis de 15. Mäerz steet Lëtzebuerg erëm ganz am Zeeche vum Luxembourg City Film Festival!

Maach iech prett fir den 10. Anniversaire vum

Luxembourg City Film Festival

Erlieft wärend dem Festival Ronn 127 Filmer - heirënner Lëtzebuerger Produktiounen, déi neisten international Filmer, vill Avant-Premièren, Animatiounsfilmer fir Grouss a Kleng oder och Dokumentatiounen.

Nieft de Filmséancen, internationale Premieren an Invitéeën aus der ganzer Welt an de Stater Kinoen an Ausstellungen, erwaarden iech wärend 11 Deeg och dëst Joer nees déi ënnerschiddlechst Eventer: Vun Ausstellungen iwwer Concerten, ewéi och Workshops, Masterclasses an déi eng oder aner Party!

Wiem dat net duergeet, dee kann an der Abtei Neimënster a "Virtual Reality"-Filmer an -Erliefnisser andauchen, nodeems de Virtual Reality Pavillon dëst Joer seng Dieren am Gronn opmécht!

Dir wëllt de komplette Festival erliewen? Da kaaft iech elo äre Festivalpass mat Accès fir all d'Filmer an d'Events fir just 35€!

Luxembourg City Film Festival - Vum 5. bis de 15. Mäerz an der Stad!

Luxembourg City Film Festival

D' Chiara vun der Organisatioun / © Eldoradio

Interview 1:
Interview 2: