
© Eldoradio
Online-Streaming an Youtuberen sinn och zu Lëtzebuerg ukomm! Een deen sech schonn méi laang domatten beschäftegt ass "de fette Petz um Netz".
Um Méindeg beschäftege mer eis am Highscore mam Online-Streaming, virun allem natierlech mam Stream vu Videospiller.
Deene meeschte Connaisseurë misste jo hei Gréisste wéi de "Pewdiepie" oder de "Gronkh" e Begrëff sinn.
Ma och zu Lëtzebuerg ass dësen Trend um kommen. An vir doriwwer ze schnëssen ass de fette Petz um Netz, e Lëtzebuerger Streamer, dës Kéier am Highscore mat dobäi.

© De fette Petz um Netz
Fir gewuer ze gi wéi hien an sech seng Spiller eraussicht an op déi Leit déi nokucken dann do och nach e Wuert matzeschwätzen hunn, lauschtert hei de nächsten Deel vum Interview.
Wéi gesäit et mat der Lëtzebuerger Streaming Community aus? Gëtt et sou eppes iwwerhaapt hei a gëtt et do vläicht souguer eng Konkurrenz?

© Eldoradio
Dem "fette Petz um Netz" säin Youtube-Channel