Et stieche Milliounen un Dollar an dësem neie Sport, deen zu Lëtzebuerg ëmmer méi um kommen ass. Richteg seriö bedreift dat elo de Club FPV Nation.

E Méindeg war déi éischte Sendung "Highscore", an där et net reng ëm Videospiller gaangen ass. Allerdéngs huet een och bei dësem Sujet eng Manette am Grapp an huet och e Bildschierm virum Gesiicht…

Riets geet vun den Dronen, méi spezifesch déi méi kleng Dronen, déi dofir gemaach goufen, fir extrem séier ze fléien, sou dass ee ka Coursen domatte maachen. Zu Lëtzebuerg gëtt mëttlerweil e richtege Club heivir, "FPV Nation" heescht dat ganzt an de Roy an d’Saksia ware Ufank der Woch am Studio fir iwwert de Phenomen ze schwätzen.

Lauschtert hei den 1. Deel vum Highscore

Mam Roy a mam Saksia goung et am éischten Deel ëm de Club selwer, ma awer och natierlech d’Drone selwer hunn interesséiert. Infoe gitt der hei gewuer:

Lauschtert hei den 2. Deel vum Highscore

Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg dann iwwerhaapt mat Dronen-Coursen aus? Gëtt et sou eppes hei a wisou stécht esou vill Geld an dëser neier Sportaart? Mier hunn probéiert deene Froen op de Grond ze goen!

Lauschtert hei den 3. Deel vum Highscore