
© E-Sports Luxembourg
E-Sports Luxembourg fokusséiert sech an der Haaptsaach op Counter Strike: Global Offensive, dat op PC. Och en Turnéier steet am Hierscht un!
Op Besuch am Highscore dës Kéier waren de Jerome an de Steve vun "E-Sports Luxembourg". An enger éischter Linn geet et dem Grupp drëm eng Community opzebauen zu Lëtzebuerg, dat ëm d'Spill Counter Strike: Global Offensive.
Mëttlerweil ass een awer schonn sou wäit, op méi professionellem Niveau Turnéieren ze organiséieren, wéi zum Beispill d'Luxmaster déi elo ustinn.
Gitt méi iwwert E-Sports Luxembourg hei gewuer.
Natierlech ginn et awer och konkret Informatiounen ronderëm de Luxmaster Tournoie am Counter Strike.
Zum Schluss ënnerhalen mir eis awer och nach ganz generell ëm de kompetitiven Gaming zu Lëtzebuerg.
D'Linken alleguerten op e Bléck:
Hei geet et op den Internetsite vun E-Sports Luxembourg.
All d'Informatiounen iwwert d'Luxmasters ginn et hei!
Hei de Link fir op d'Facebooksäit vun E-Sports Luxembourg!
E-Sports Luxembourg op Twitch am Livestream!

© E-Sports Luxembourg