Du hänks mol gären hannert dem PC an zocks Counter-Strike:Global Offensive? Dann sinn d'Luxmasters eventuell dat richtegt fir dech!

Op Besuch am Studio war dës Kéier de Jerome vun "E-Sports Luxembourg", dat fir e wéineg iwwert e grousse Counter-Strike Turnéier ze erzielen, deen den 18. November op en Enn geet, dat an enger grousser Finale zu Kayl an der Schongfabrick. Dier wëllt méi wëssen? Da lauschtert hei eran:

All Infoen iwwert d'Luxmasters!

Umelle kann een sech leider net méi, dowéinst ass et ze spéit. 20 Equippen hunn sech ugemellt, den Niveau ass, wéi a ville Beräicher am Videogaming zu Lëtzebuerg, och beim Counter-Strike : Global Offensive iwwerraschend héich am Grand-Duché. Gidd hei d'Detailer vum Event vum Jerome gewuer.

Weider Detailer ginn et hei!

Wéi vill Teams maache bei de Luxmasters mat? Wann der d'Äntwert wësst, schéckt se op den 62456 (fir 50 Cent de Message) a gewannt mat e wéineg Chance eng Koppel Tickete fir op d'Event!

RTL

Counter Strike Footage / © Facebook E-Sports Luxembourg

Majo niewent dem nationalen E-Sport, hunn mer awer och d'Deroulementer am internationalen E-Sport kuerz ënnert d'Lupp geholl. Hei kéint sech ëmmer méi en europäescher "Super-Team" forméieren.

Wat deet sech um internationale Level am E-Sport?
RTL

© E-Sports Luxembourg