
© e-sports Luxembourg / Jerome Becker
De leschte Weekend ass zu Téiteng an der Schungfabrick d'Finale am Counter Strike ofgehale ginn. Am Highscore geet et dës Kéier awer och ëm d'Gaming Week.
No enger Partie Vir-Ronnen huet leschte Weekend een Team d'Luxmasters gewonnen, a ginn domatten als éischte Lëtzebuerger Championen am "Counter Strike: Global Offensive" ervir.
Lauschtert hei d'Andréck vum Event, dat zesumme mam Jerome, deen dësen Event mat op d'Been gestallt huet.
Gewannt e 50-Euro-Bong fir an d'Stad an de Saturn shoppen ze goen.
FRO: Wien huet dëst Joer d'Luxmasters gewonnen?
Wann dier d'Äntwert wësst, da schéckt se op de 60336 (50cent/Message) a gewannt mat e wéineg Chance de 50-Euro-Bong.

© e-sports Luxembourg / Jerome Becker

© e-sports Luxembourg / Jerome Becker
Dës Woch gëtt et da fir d'Fans vu Videospiller d'Gaming Week an der Galerie vun der Belle Etoile, dat organiséiert vun 11F. All Infoe kënnt der hei nolauschteren.

© 11F Gaming