
Mir bréngen iech dem Mike Williams seng Radioshow an d'Eldoland!
Mat 4 Joer souz hie fir déi éischte Kéier um Piano, mat 12 huet hie sech vum Täschegeld säin éischten eegenen DJ-Controller kaaft. Vun deem Moment un war de Mike Williams quasi just nach hannert den Decks ze fannen! Säi groussen Duerchbroch koum am Joer 2017, seng Kollaboratioun „Feel Good” mam Felix Jaehn war zu engem weltwäiten Hit ginn!
Mat onwarscheinlechem Talent, haarder Aarbecht, catchy Radiohits, Club-Bangers a fulminante Melodien huet den Hollänner sech iwwert déi lescht Joren zu engem vun de gréissten Nimm aus der Zeen entwéckelt. Kee Wonner, dass hien och schonn alleguer déi grouss Festivals a Mainstages op dëser Welt gespillt huet: Tomorrowland, Ultra Music Festival, Mysteryland, Parookaville, World Club Dome, etc.
„To make people smile, to make them happy, let them experience the best moments ever and bring them together through my songs makes me the happiest guy alive.” (Mike Williams)
Elo brénge mir dem DJ a Produzent Mike Williams seng wéchentlech Radioshow op Lëtzebuerg an d’Eldoland. All Freiden Owend gëtt de Mike iech en Abléck a säi perséinleche Museksgoût, spillt seng favorite Tracks vum Moment a liwwert iech de perfekte Sound fir an de Weekend ze starten!
Mike Williams On Track – freides owes vun 21:00 Auer un op Eldoradio, eldo.lu an an der gratis Eldo-App!
Mike Williams On Track
Lauschtert hei als klenge Warm-Up fir e Freiden schonn d'Episod vu leschter Woch: