Et gëtt eng nei Morningshow, dofir hunn d'Chich an de Charel är Froe beäntwert. Liest se hei nach emol no!

Wéi al sidd dir?

Charel: Ech hu 27 Joer. Wann ech mech raséieren, kéint e mengen ech hätt der 12.

Chich: Ech si méi al wéi de Charel, also tëscht 27 an 99 Joer.

Wat hutt dir Zwee studéiert ?

Charel: Ech hunn zu Köln Tountechnik studéiert.

Chich: Ech hunn zu Wien Journalismus studéiert.

Muss ee studéiert hunn fir um Radio ze schaffen?

Nee, dat muss een net. Et brauch een e bësse Kreativitéit an eng gutt Stëmm.

Meng s de dat wier eppes fir dech? Da mell dech:

jobs@eldoradio.lu

Ass de Charel vun Arel?

Charel: Kuerz a knapp... Nee:)

Wat hutt dir virum Eldo gemaach?

Charel: Ech hunn no mengem Studium direkt beim Eldo ugefaangen.

Chich: Ech war an Eisträich an an Däitschland als Reporterin fir de Radio an d'Telé ënnerwee.

Wéi laang sidd dir beim Eldo?

Charel: Iwwer 6 Joer!

Chich: Ech toppen de Charel mat iwwer 7 Joer!

Wéi bass du Charel drop komm d’MorningShow ze maachen?

Charel: De Chef huet gemengt et wier un der Zäit :)

Wat ass är Liblingsfaarf?

Charel: Orange

Chich: Rout a Schwaarz 

Wat ass är Liblings-Vakanzendestinatioun?

Charel: Ech géif gären no der Pandemie eng Kéier an Island reesen.

Chich: Ech fléien am léifsten an d'Karibik, wa schonn, da schonn :)

Wat ass är d’Liblings-Iessen?

Charel: Ravioli, Pizza, Nuddelen ... deck gesond also!

Chich: natierlech Pizza, allgemeng éischter vegetaresch :)

Wat sinn är Liblingsfilmer a Liblingsserien?

Charel: Game of Thrones, Vikings, Harry Potter

Chich: Alleguerten d'Marvel Filmer a Serien

Wat ass ärt Liblingslidd? 

Charel: Monet vum Sido

Chich: No Diggity vu Blackstreet

Spillt dir Videospiller a wa jo, wéi eng?

Charel: Heiansdo FIFA 14 also wierklech al Spiller a Singstar op Partyen

Chich: Fréier mol Nintendo a SEGA Spiller, lo net méi

Wéini fänkt dir un mat schaffen a bis wéi vill Auer?

Mir fänken um 04h00 un an um 12h00 geet et heem.

Wéini stitt dir op a wéini gitt dir schlofen?

Charel: Ech stinn um 02h00 op a gi géint 20h00 schlofen!

Chich: Ech brauch méi Schlof, bei mir ass et 19h00 schlofe goen an um 02h00 opstoen.

Wat maacht dir no der Schaff?

Charel: Fir d'éischt mol eng Ronn schlofen a soss den Hobbyen nogoen.

Chich: Sport, den Hobbyen nogoen, éischter net schlofe goen, soss klappt dat net mat fréi schlofe goen.

Wat maacht dir no der Sendung?

Mir hu fir d'éischt mol eng Redaktiounskonferenz, duerno gëtt d'Sendung / d'Reportage vum Dag drop preparéiert.

Sidd dir verlibt, verloobt, bestuet?

Negativ :)

Hutt dir de Führerschäin direkt bei der 1. Kéier gepackt?

Charel: Jep!

Chich: Ehm nee... huet net bei der éischte Kéier geklappt, blöd Sortie vum Chantier ;)

Hutt dir een Hausdéier, a wat wier äert Dram-Hausdéier gewiescht?

Charel: Villercher, Schof, een Einhorn wier net schlecht!

Chich: Ech hunn en Hond an dat ass och mäi Liblingsdéier!

Bass du een Hipster Charel?

Charel: Ech sinn éischter Mainstream ;)