Um Dag vum Cocktail huet d'Morningshow zesumme mam Eldoland blann Cocktailer gemëscht.

Et ass net just e Mëttwoch mat 16 Grad, mee och den Dag vun de Cocktailer! Grond genuch fir d'Chich an de Charel aus der Morningshow den Eldoradio Fréijoersufank ze lancéieren.

Dofir hu si 2 mat den Nolauschterer blann Alkoholfräi Cocktailer gemëscht. D'Nolauschterer hu missen tëscht verschiddene Cocktail-Shaker wielen, vun deenen den Inhalt dann einfach an de Cocktail komm ass. Dobäi erauskomm sinn 2 Cocktailen!

De Sugar Crash

De Sugar Crash ass wierklech eng Zockerbomm an schmaacht guer net mol esou séiss. Et hëlt een einfach: Grapefruit-Jus, brongen Zocker, Ginger Ale an en Energy Drink. De Choix heifir haten de Claude, d'Corinne, de Kevin, an awer och eist Chich.

RTL

© Eldoradio

Souwuel d'Chich an de Charel hunn de Goût als relativ batter agestuuft. Dofir hat en awer eng schéin Eldo-orange Faarf.

Fazit fir de Sugar Crash: 3/5 ... En ass ok ...

Den Eldolada

D'Samantha, den Yves, d'Angela an d'Carole hunn d'Shakere blann ausgewielt. Dra komm ass dofir: Kokosbléien, Molbieren, Maracujasirop an Ananasjus.

RTL

© Eldoradio

An de Goût: richteg séiss a lecker, och wann deen u sech net grad esou schéin ausgesäit!

Jiddefalls voll Punktzuel fir den Eldolada!

Respekt Eldoland! Cocktaile mixe kënnt dir!