Op TikTok geet den Trend eng Pizza a just 1 Minutt an der Mikrowell ze 'baken'. Schmaacht dat oder ass et een totale Fail?

D'Chich an de Charel aus der Eldo Morningshow si grouss Fans vun der Pizza.

Op TikTok fënnt een aktuell vill Videoen an deene behaapt gëtt, dass een a just 1 Minutt eng Pizza an der Mikrowell ka 'baken' - an dat soll och nach schmaachen.

Ass et derwäert? Eng Alternativ wann et séier muss goen an een no engem Stéck Pizza glëschtert?

D'Eldo Morningshow ass sech fir näischt ze schued an huet et mol getest!

Fazit: 

Charel "D'Pizza war exzellent, ka mat der "normaler Pizza" mathalen, war gutt gewürzt. Eenzege Kritikpunkt: Ech géif d'Pizza fir 2 Minutten an d'Mikrowell stellen, fir dass se méi knuspreg ass"

Chich "Schmaacht net schlecht, mee kënnt net un eng Pizza frësch aus dem Uewen. Ech hu léiwer déi aus dem Uewen, mee wann et séier muss goen, wisou net!"

RTL

© Eldoradio

Wat brauch s de fir d'1-Minutt-Pizza?

4 kleng Läffele Miel

3 kleng Läffele Mëllech

1 klenge Läffel Ueleg

E bësse Salz

E bësse Bakpolver

Tomatenzooss

Mozzarella

+ déi jeeweileg beléifte Bäilagen
(Morningshow Tipp: Mais, Champignons, Tomaten an Ananas)

Virbereedung fir 1 Stéck Pizza:

Du hëls eng kleng Schossel, déi Mikrowellen-tauglech ass. Déi schmiers de liicht mat Botter an.

Du vermëschs 4 kleng Läffele Miel mat 3 kleng Läffele Mëllech, eng kleng Prise Bakpolver an eng kleng Prise Salz an 1 klenge Läffel Ueleg.

Dat vermëschs de gutt, bis et fest zu engem Deeg gëtt.

Den Deeg gëtt dann um Buedem vun der Schossel verdeelt.

Duerno mëss de d'Tomatensauce a Mozzarella drop + déi jeeweileg Bäilagen déi s de gären hues.

Duerno stell s de d'Schossel an d'Mikrowell fir 1 Minutt bei 800 Watt. Jee no deem wéi staark deng Mikrowell ass, sinn 30 Sekonne bis 1 Minutt méi laang noutwenneg. D'Eldo Morningshow recommandéiert 1min30s bis 2 min.

Et voilà - Bon Appetit wënschen d'Chich an de Charel :)

Hei ee klengen Tutorial-Video: