Du wëll s bei denge Kolleegen eng Wett gewannen? Ganz sécher eng Wett gewannen? Dann ass hei ee klengen "Angeber"-Trick!

"Ech kann dir viraussoen, wéi vill Zéiwen dës Orange huet, déi ech an der Hand hunn". Dat sot d'Chich dem Charel en Dënschdeg an der Eldo Morningshow.

Dem Charel war dat net sou geheier. Kann d'Chich hellsehen?

Net wierklech! Et ass ee ganz einfachen Trick!

Uewen op der Orange hëlt een de klenge gréngen "Hutt" erof. Da gesäit ee kleng wäiss Rillen. Déi Rillen zielt een. Sinn et z.B. 10 Rillen, da sinn et 10 Zéiwen.

De Charel an d'Chich hunn dat Ganzt getest, kuckt hei de Video:

Wann der also eng Wett sécher gewanne wëllt, da versicht et mol mam Orangen-Trick. Geet iwwregens och mat enger Zitroun :)

Är Eldo Morningshow!