Um Weltdag vum Piano gëtt et näischt méi Schéines wéi ee Lidd ze komponéieren - virun allem wa geschwënn d'Terrassen nees opmaachen dierfen!

Laang huet d'Eldoland drop gewaart, geschwënn ass et dann esou wäit. De 7. Abrëll kënnen, wann d'Coronazuelen weiderhi stabel bleiwen, d'Restauranten an d'Caféen hir Terrassen nees opmaachen.

A wat brauch ee fir den Terrasse-Feeling?

Richteg --> ee Song!

Grond genuch fir d'Eldo Morningshow ee Song ze komponéieren, dat um Welt-Piano-Dag.

Dobäi erauskomm ass de Song "Terrasse-Wieder".

Lyrics "Terrasse-Wieder" by Eldo Morningshow

De Wecker schellt, ech maache mech séier op de Wee, 
ginn endlech nees an de Café, natierlech just zu Zwee.
Um 6 Auer aus dem Haus wéinst dem Couvre-Feu, 
wéi soll ech da pünktlech sinn fir d'Ouverture Mon Dieu.

Véirel op 6 endlech nees virum Liblingslokal,
nach ass däischter, nach ass Niwwel, nach ass et kal. 
Mee egal, de Wendler seet egal!

Et ass Terrasse-Wieder am Lëtzebuerger Land,
Terrasse-Wieder, dobäi gëtt sech net mol voll getankt.
Terrasse-Wieder, do freet sech jo all Kand,
Vu 6 bis 6, Chef ech mengen ech melle mech haut mol léiwer krank, mol léiwer krank...

Well et ass Terrasse-Wieder am Lëtzebuerger Land,
Terrasse-Wieder, dobäi gëtt sech net mol voll getankt.
Terrasse-Wieder, do freet sech jo all Kand,
Et ass Terrasse-Wieder am Lëtzebuerger Land!