An de soziale Medien gëtt an der läscht vill iwwert de "Coffee Tonic" geschwat.

An de soziale Medie gouf an de leschte Méint vill iwwert den "Dalgona Coffee" an de "Proffee" geschwat. Ma elo gëtt et een neien Trend, nämlech de "Coffee Tonic".

An et ass genee dat dran, wat den Numm scho verréit, nämlech Kaffi an Tonic Water.

Klengt extrem ongewéinlech, dat fënnt och d'Eldo Morningshow. Grond genuch also fir dat mol ze testen.
Well dir wësst: wann een net test, da kann een net matschwätzen!

D'Chich an de Charel hunn sech also mol ee Kaffi organiséiert, an Tonic Water.

Wéi geet ee vir? 
Et hëlt een ee grousst Glas, dat fëllt ee bis an d'Mëtt mat Tonic Water. Duerno gëtt een Äiswierfelen dobäi, bis d'Glas bal voll ass. Duerno schëtt ee lues, den ofgekillte (!) Kaffi an d'Glas. Am Beschten hëlt een eng méi staark Zort Kaffi.

Et voilà - de "Coffee Tonic" ass prett!

Tipp: Wie säin Drink nach oppeppe wëll, dee gëtt nach bësse Limetten- oder Orangejus dobäi, oder e bëssen Hunneg oder Zimt.

Wien ee Feierowend-Drink doraus maache wëll, schëtt nach e bëssen Gin oder Whisky dobäi.

Fazit vun der Morningshow:

Chich: prickelt gutt op der Zong, schmaacht awer relativ batter, géif ech perséinlech elo net sou dacks drénken, 3 vu 5 Stären!

Charel: schmaacht relativ batter mee erfrëschend, ech si kee Fan vu kalem Kaffi, ech ginn dofir 2,5 vu 5 Stären.