Du hues Bock op Gromperen, mee keng Zäit a keng Loscht eng 30 Minutten ze waarden? Dann hu mir den optimale Lifehack fir dech.

Als Student huet een éischter wéineg Zäit an déi eng oder aner éischter wéineg Loscht op laang an der Kiche stoen. Wann et mol séier muss goen, gëtt eng Tiefkühlpizza an den Uewe geschmass oder ee Menü an der Mikrowell gemaach.

Ma och "méi gesond" Iesswuere kritt ee féx an der Mikrowell fäerdeg, sou zum Beispill eng Gromper.

Wann een awer kee Bock huet eng 15-25 Minutten (jee no Gréisst vun der Gromperen) ze waarde bis déi am waarme Waasser fäerdeg sinn, da kann een dat och an der Mikrowell maachen, an zwar vill méi féx!

Du brauch s dofir zwee Kichenpabeieren déi s de naass mëss. Da wéckels de d'Gromper doranner an a leets dës an d'Mikrowell fir 3 Minutte bei 700 Watt.

Kuck hei de Video:

D'Eldo Morningshow huet et getest an ass dovunner iwwerzeegt, se schmaacht genee sou wéi di normal Gromper am waarme Waasser gemaach, op alle Fall eng gutt Iddi wann ee mol net sou vill Zäit huet...