Op Twitter ass an de leschte Wochen ee Video vun enger Foodbloggerin an hirer ganz spezieller Zalot viral gaangen.

Riets ass vum Molly Yehs sengem Kachvideo, si ass eng Foodbloggerin beim US-Sender Food Network. Hire Video gouf ënner anerem mat Sätz wéi "Wat der Däiwel ass dat dann?!" op Twitter gedeelt, a gouf scho Millioune mol geklickt. Dat speziellt Rezept gouf op Twitter reegelrecht mat Memes a witzege Comments iwwerschwemmt a vill Leit hunn dës Zalot getest. Déi eng soe "Yay", di aner "Nay".

Och d'Chich an de Charel aus der Eldo Morningshow wëlle wësse wéi dës Zalot schmaacht.

Aus wat besteet d'Zalot? 

Se besteet aus Popcorn, Wuerzelen, Zellerie, Zuckerschoten an Echalotten. Gekréint gëtt dat Ganzt mat enger Mayonnaise-Zooss.

Wat brauch een alles fir dem Molly seng Popcorn-Zalot?

- 1 Packung Popcorn (all Zort geet, dem Molly no am beschte mat Kéis-Goût)
- 100 Gramm geschnidde Wuerzelen
- 100 Gramm kleng geschnidden Zellerie
- 1 giel Zwiwwel oder 1 Echalotte 
- 120 Gramm Zuckerschoten
- E puer Blieder Zalot

Fir d'Zooss:

- 2 TL Moschter
- 6 EL Mayonnaise
- 1 EL Zocker
- 2 EL Äppelesseg
- 3 EL Sauerram
- Eng Prise Salz a Peffer

Wéi bereet een d'Zalot vir?

Du vermëschs d'Mayonnaise, d'Sauerram, de Moschtert, den Zocker, den Äppelesseg an enger Zalotschossel a wierz mat Salz a Peffer.

Duerno ginn d'Zwiwwel (oder d'Echalotte), d'Wuerzelen, den Zellerie, d'Zuckerschote mat der Mayo-Zooss vermëscht.

Da gëtt een de Popcorn dobäi an et mëscht een dat Ganzt nach eng Kéier gutt. Jee no Bedarf kann een dann e puer Blieder Zalot drop leeën.

Et voilà déi skurril Popcorn-Zalot ass fäerdeg.

RTL

© Eldoradio

A wéi schmaacht se dem Chich an dem Charel? 

D'Morningshow Crew huet amplaz eng Echalotte eng Zwiwwel geholl, Popcorn mat séissem Goût an huet op de Zellerie verzicht.

Fazit: Schmaacht gutt, wéi eng normal Zalot, d'Zooss vermëscht sech gutt mam Popcorn, sou datt de Goût vum Popcorn net ganz mee just e bëssen erauskënnt. Ass speziell, mee kann ee gäre mol heiansdo iesse respektiv bei Kolleege mat engem skurrille Rezept uginn :) !