
© Eldoradio
Ass dee wierklech esou gutt?
Vergiess Proffee an Dalgona Kaffee, well TikTok huet zënter e puer Wochen een neit Trend-Gedrénks.
Mir stelle vir: de Pink Drink.
-> Et ass ee faarwegen Drink a Barbie-Optik. Dëse soll esou gutt schmaache wéi en optesch ausgesäit, esou heescht et.
Grond genuch fir dat mol ze testen!
Fir d'éischt hëllt een e Glas mat Äiswierfel oder Crushed Ice.
Da gëtt ee gefrueren Hambieren dobäi. Fir den Extra-Twist kann een och wann ee wëll e puer Äerdbiewen oder Molbieren dobäi ginn.
Da fëllt een dräi Véirels vum Glas oder Becher mat kalen Hibiskus-Téi. Dee kann ee fäerdeg kafen oder selwer maachen an auskille loossen.
Da gëtt een nach e bëssen Holunderblütensirop dobäi, duerno e bësse Kokosmëllech.
Da gëtt alles gutt duerchgemixt a getest.
Et voilà, de Pink Drink.
Der Morningshow schmaacht de rosa Drink. En huet eppes Erfrëschendes, kënnt gutt am Summer! Et muss een awer och Fan vu Kokosmëllech sinn. Avis aux amateurs!