
© Eldoradio
Mir hätten do mol e puer Froen...
Et ass eng Zesummenaarbecht tëscht zwou Firmen, un déi een am éischte Moment net sou direkt denkt.
D'High Fashion Mark Balenciaga huet sech mat Crocs zesumme gedoen a si hunn zesumme Schong entworf. Ënner anerem Crocs mat Talong.
Oder déi heiten:
D'Eldo Morningshow freet sech wie sou ee Schong undeet, an huet sech mol ee Puer mat engem Talong gebastelt...
Solle mir dat lo cool a modern fannen oder éischter lächerlech?
D'Thema Crocs ass allgemeng ëmstridden. Déi eng fannen de Schong super gemittlech a flott, di aner fannen en zwar gemittlech, mee super ellen.
Ma muss ee Schong ëmmer schéi sinn? Geet et net duer, dass e just gemittlech ass? Do ginn d'Meenungen auserneen.
Allgemeng ass d'Fro: wëll een eis mat dësem Design et vläicht méi einfach maachen, elo nom Lockdown weiderhi gemittlech an de Crocs rëm ze lafen - a fir de Schong fir d'Nuetsliewe méi schick ze maachen, een Talong drun ze hänken?
Mir wëssen et net...
Et ass wéi sou dacks eng Affaire de goût!