D’Eldoradio Rockinvasion

Rock Musek, Concerten an Interviews!
D'Wencke presentéiert iech Alternative Rock, Grunge, Progressive, Brit Rock, Garage Rock, Psychedelic Rock, Glam Rock, Hard Rock, Metal, Punk, Post-Punk, Hardcore… alles wat esou e Rockerherz begeeschtert! An dat all Dënnschten Owend vun 19h00 bis 21h00 hei op Eldoradio.

D' Wencke hat eng besonnesch opreegend Woch well et duerch Corona d´Chance krut mat sengem Liblingssänger dierfen e Zoomcall - Interview ze machen. Kee Gerengere wei de Myles Kennedy huet a seng Stuff agelueden an hien iwwert säin neien kommende Soloalbum „The Ides of March“ ausgequetscht…natierlech och mat Fangirl-Momenter.

Falls dir net wësst wien de Myles Kennedy ass? Hien ass de Mann dee mam Guns´n´Roses Guitarrist Slash op Tour geet an d´Stemm vu senge leschten Albe war. De Myles ass och de Frontmann vun der Rockband Alter Bridge. An elo gëtt et neit Solomaterial.

De Myles huet mam Wencke iwwert seng Ängschten a Coronazäite geschwat a verrode wei e fréiere Fan vun der Band Alter Bridge op eemol zum Manager a Bassist ginn ass…

Lauschtert hei den Interview mam Myles Kennedy!

Lauschtert hei déi lescht Sendung:

Gäre kënnt dir d'Wencke kontaktéieren op rockinvasion@eldoradio.lu!