Ech si mega Videospill-begeeschtert, egal ob aktuell oder al Spiller, béid loosse mäin Häerz méi séier schloen!

Meng aktuell Liblingsgenre si Mini-Spiller wéi Among US, Story baséiert Spiller wéi Life is Strange a Rennsimulatore mat engem coole Steierrad!

A punkto Technik sinn ech och relativ fit an hu keng Angscht mäi Computer auserneen ze huelen an nees zesummen ze bauen.

Heiansdo rutscht mir da mäin Häerz an d'Box wann en net ugeet, meeschtens fält mer dann awer op datt de Stecker net agestach war...

Ech iesse keng Kamelle beim Spillen awer gäre mol e Stéck Kuch oder Chips..... yummy

Mat mengen enkste Kolleege verbréngen ech am léifsten Zäit Videospiller ze spillen... awer ni ze spéit...

meeschtens nëmme bis 10... ups dass schonn 2 Auer moies?

Mäi Papp ass virun allem Schold drun dat ech op Videospiller flippen... Hien huet sech geduecht, wann hie mir Videospiller keeft dann hätt ech keng Zäit fir op déi schif Bunn ze geroden... huet geklappt...

Ech sinn awer net nëmmen ee Gamer, mee hunn och e bësse Bensin am Blutt. Ech schrauwe gären un Autoen, an nee domat mengen ech net just d'Pneue wiesselen. Reese maachen ech och gären, awer just wann puer Konsolen a Videospiller nach an d'Wallis passen.

Zréck op Crew >>>